Ticketen

D’Studenten- an déi normal Ticketen sinn alleguer sold out. Déi läscht Méiglechkeet en Ticket ze kréien ass iwwert en Late Bird Ticket.

Late Bird Ticket Verkaaf start den 19. Dezember um 18:00

Den Zürcher Bal ass en 2G Event. Dëst heescht konkret dass nëmmen geimpft oder genesen Leit erakommen, an dat muss mat engem gültegem Covid-Zertifikat bewisen ginn.
Fir vum Studententarif kennen ze profitéiere braucht dir eng gülteg Studenten- oder Schülerkaart, déi dir op de Bal matbrénge musst. Falls dir keng gülteg Kaart virweise kënnt, musst dir d’Differenz zum normalen Ticket owes nobezuelen.
Falls déi aktuell Situatioun et net erlaabt dass de Bal statt fënnt, ginn d’Ticketen rembourséiert.